Fotobuch iwwert eis Artillerieszäit vun 1952 – 1967
Léif Artilleristekollegen a Frënn,
An der Generalversammlung 2024 hat ech ugekënnegt e Fotobuch iwwer eis Artilleriezäit ze maachen. Dat Buch ass mëttlerweil drockfäerdeg.
Nom Succès vum virgestalltenem d'Fotobuch op eiser Generalversammlung 2025, hunn ech schonn 11 fest Bestellunge bestätegt kritt (!),
Fir och all eise Memberen, déi net konnten op d'Generalversammlung kommen, dat Buch ze präsentéieren, verëffendlechen ech et als Pre-Print hei op eiser Internetsäit.
Wéi d'Fotobuch opgebaut ass, kéint dir hei ënnen drënner e Virdrock vum Buchhirsteller CEWE kucken
D'Buch huet d'Format DIN A4 Quer an huet 130 eenzel Säiten. Et fänkt mat der Grënnung vun der Artilleriebattaillioun 1952 un an endegt mat hirer Opléisung 1967. Et enthält haaptsächlech Fotoen, awer och Dokumenter, Konveniater, Aktivitéiten, Souveniren, a.e.w.
Leider gëtt de Buchhirsteller CEWE nëmmen e Virdrock a klenger Opléisung fräi, wat leider bedeit, datt d'Qualitéit net déi Beschten ass. Et gëtt awer duer fir e gudden Aperçu vum Buch ze vermëttlen.
Héi d'Präiszesummestellung vun CEWE an hiert Offert bei Sammelbestellung vu +- 20 Bicher:
Guten Tag Herr Koos,
herzlichen Dank für Ihre E-Mail. Gerne bieten
wir Ihnen bei Sammelbestellung ab 20 Foto-
bücher 20% Rabatt auf dem Gesamtpreis an.
Außerdem schreiben wir auch die Versand-
kosten gut.
Lieve de Scheerder CEWE Benelux
D'Buch géif ech fir 110 € verkafen.
Ech kann iech dat dann op eiser Visitt vum CEBA-Musée iwwerreechen, resp. mat der Post schécken, iech et laanscht bréngen oder dir kommt et bei mech sichen.
(D'Aluedung fir de CEBA-Musée kritt dir nach geschéckt. Markéiert iech e Mool schon deen Datum, de 17. Mee 2025)
Dir must awer verstoen, datt ech net wëll esou eng grouss Zomm virstrécken, duerfir géif ech iech bei Intressi biede mir fir d'Bestellung 110 € pro Buch op mäin CCPL Kont:
LU98 1111 0388 8585 0000 mat der Motioun „Fotobuch Artillerie", an de Numm
Mat artilleristeche Gréiss, KOOS François, President AAAL

